Lëtzebuerger Top-Schwëmmer notzen d'Championnat als Preparatioun
Ralph Daleiden, Rémi Fabiani, Joao Carneiro, Finn Kemp, Emma Barthel a Co sinn de Weekend an der Coque am Asaz.
Et kënnt net dacks vir, datt d'Lëtzebuerger Top-Schwëmmer zesummen an der Coque trainéieren. Si kombinéieren den Héichleeschtungssport mat der Schoul am Ausland: An den USA, England oder och a Portugal.Fir d'Championnat de Weekend hu si awer de Wee zeréck op Lëtzebuerg fonnt an notzen d'Courssen als Preparatioun fir déi nächst international Rendez-vousen.
De Ralph Daleiden ass mat engem Erfollegserliefnes zréck op Lëtzebuerg komm. Op der U23-Europameeschterschaft huet den 100-Meter-Crawl-Spezialist mat senger 5. Plaz d’Bronzemedail ëm just 5 Honnertstel verpasst.
Dat nationaalt Championnat ass fir de Ralph Daleiden eng Virbereedung op d’Weltmeeschterschaft zu Singapur an 2 Wochen. Dat gëllt och fir de Rémi Fabiani an de Joao Carneiro.
Mat 8 Courssen huet de Finn Kemp en decke Programm fir de Weekend. Fir de Brasse-Spezialist gëllt et d’Universiade ze preparéieren.
Bei den Damme ginn et manner performant Schwëmmerinne wéi bei den Hären. Allerdéngs ass mam Emma Barthel eng jonk talentéiert Schwëmmerin ënnerwee, déi dës Saison schonn en nationale Rekord opgestallt huet an ee virun 2 Woche ganz knapp verpasst huet.
De Weekend kann een déi bescht Lëtzebuerger Schwëmmer an Schwëmmerinnen an der
Coque beim nationale Championnat ufeieren.