Déifferdeng zitt mat 2:3 de Kierzeren a muss elo Conference-League-Quali spillen
Nodeems Déifferdeng am Allersmatch am kosovaresche Gjilan géint den FK Drita mat 0:1 verluer hat, waren d'Minetter en Dënschdeg am Réckmatch gefuerdert.
An dësem hunn déi Déifferdenger iwwert wäit Strecke vum Match eng enttäuschend Leeschtung op den Terrain bruecht, soudatt si d'Kosovare vum FK Drita ni richteg ënner Drock setze konnten. Um Enn musse sech déi Déifferdenger mat 2:3 géint FK Drita geschloe ginn, soudatt et fir déi Déifferdenger elo an der Conference-League-Qualifikatioun weidergeet. Do treffen déi Déifferdenger dann op The New Saints aus Wales.

© Steven Milbert
FC Déifferdeng 03 - FK Drita 2:3
0:1 Manaj (4'), 0:2 Manaj (17'), 1:2 Brusco (27'), 2:2 Hadji (90', Eelefmeter), 2:3 Tusha (90'+4)
Virun ausverkaaftem Haus hunn déi Déifferdenger eng enttäuschend éischt Hallschent gespillt. Si hu sech vill Feelpassen erlaabt, waren onkonzentréiert, sinn a keng Zweekämpf komm a waren einfach méi lues ewéi d'Géigner aus dem Kosovo. Dëst huet een an der 4. Minutt scho gesinn, nodeems de Lempereur op Déifferdenger Säiten de Ball verträntelt an de Géigner zum éischte Schoss op de Gol invitéiert huet. Dëse war dunn och direkt dobannen, soudatt de Manaj de Score scho relativ fréi op 1:0 gesat huet. Genee 4 Minutte méi spéit, haten déi Déifferdenger du Chance, datt de Mesa mat sengem Kappball de Gol net getraff huet. Mä den 2:0 sollt awer nach falen. Dëst an der 17. Minutt an nees war et de Manaj, dee markéiere konnt. Op en Neits hunn d'Kosovare vun engem Feeler an der Déifferdenger Defense profitéiert. Dës Kéier war et de Golkipp Felipe, deen onsécher gewierkt huet a schlecht aus sengem Gol komm war, soudatt d'Kosovare markéiere konnten. Déifferdeng huet am Stuerm guer net stattfonnt an huet ëmmer nees déi séier Virstéiss vun Drita misse verdeedegen. Mä an der 27. Minutt sollt de Minetter dunn awer aus dem Näischt den Uschlossgol geléngen. Et war de Brusco deen no engem Corner vum Lempereur an der Verlängerung vum Bedouret goldrichteg stoung, an de Ball am kosovaresche Filet ënnerbrénge konnt. Déifferdeng stoung doropshin an der Defense e bësse méi stabil, huet sech am Stuerm awer weiderhi schwéier gedoen, fir sech Chancen ze kreéieren. Just an der 40. Minutt sinn déi Déifferdenger offensiv nach eng Kéier mat engem sate Wäitschoss opgefall, mä dëse konnt de Maloku am Gol vun Drita entschäerfen. Kuerz dorobber huet den Arbitter béid Formatiounen beim Stand vun 1:2 an d'Kabinne geschéckt.
No der Paus huet Drita nees d'Heft an d'Hand geholl an huet sech e puer Chancen erausgespillt, mä dës hunn hire Wee net an den Déifferdenger Gol fonnt. Déifferdeng ass an der 55. Minutt fir d'éischt nees geféierlech virum Gol vun Drita opgedaucht, mä dem Jakobi säit Distanzschoss huet de Gol dann dach däitlech verfeelt. Mä Déifferdeng hat weiderhi Schwieregkeeten an der Defense, esou och an der 59. Minutt, wou de Felipe am 1-géint-1 mam kosovaresche Stiermer Manaj de Gewënner bliwwen ass an hie seng Faarwen domadder am Match hale konnt. Doropshin ass de Match ofgeflaacht. Dat louch awer och dorunner, datt d'Spiller vun Drita dacks um Buedem louchen a si all Ament genotzt hunn, fir Zäit vun der Auer ze huelen. Wann et dann awer eng Kéier geféierlech ginn ass, da war dëst meeschtens op en Distanzschoss, esou wéi och an der 72. Minutt, an där den Pereira Pinto säi Gléck probéiert huet, hien awer um Golkipp hänke bliwwen ass. Kuerz virun Enn sollt et awer nach eng Kéier spannend ginn. Dëst nodeems den Arbitter an der 90. Minutt op Eelefmeter entscheet huet. Kuerz virdrun krut de Hadji nämlech vum Broja den Ielebou an d'Gesicht. De fällegen Eelefmeter huet den Hadji souverän verwandelt, soudatt den Déifferdenger just nach ee Gol gefeelt huet. Dës hunn doropshin voll op Ugrëff gespillt, hunn de Kosovaren esou awer Konteren erméiglecht. Dëst sollt den Tusha an der 94. Minutt bestrofen, deen no engem Konter de Ball am Gol ënnerbrénge konnt. Kuerz drop war de Match och fäerdeg, soudatt Déifferdeng 2:3 géint Drita verléiert an elo Conference-League-Qualifikatioun spille muss.