Déifferdeng klappt den Opsteiger Biissen
Fir Hueschtert gouf et um 1. Spilldag eng defteg 1:4-Defaite géint Rouspert a Mamer huet den Opsteigerduell géint Kanech 3:2 gewonnen.
De Champion FC Déifferdeng 03 setzt sech am éischte Match vun der Saison knapp 1:0 géint den Opsteiger Atert Biissen duerch. D'Ekipp vum neien Trainer Pedro Silva hat fréi probéiert, d'Gäscht ënner Drock ze setzen an zu Feeler ze zwéngen. D'Gäscht hunn 10 Minutte gebraucht, hunn duerno awer an de Match fonnt. Bis zum decisive Gol an der 36. Minutt duerch de Franzoni war et e Match ouni vill Highlights.
Déi éischt 15 Minutten nom Säitewiessel ware villverspriechend: béid Ekippen haten e geféierleche Schoss op de géigneresche Gol bruecht. Uschléissend ass den Niveau awer nees gefall. Biissen huet an de leschte Minutten nach eng Kéier versicht, Déifferdeng ënner Drock ze setzen, mee den amtéierende Champion wosst de Virsprong iwwer d'Zäit ze bréngen.
Direkt um 1. Spilldag koum et tëscht Kanech a Mamer zu engem Duell vun zwee Opsteiger, wou Mamer mat 3:2 als Gewënner vum Terrain goung. Déi éischt 45 Minutten hate ganz animéiert ugefaangen, well d'Gäscht vu Mamer direkt no 5 Minutten de Ball am Filet ënnerbruecht kruten. Kanech konnt no 23 Minutten ausgläichen, mee eng Véierelstonn méi spéit konnten d'Gäscht no engem Eelefmeter vum Teles Santos nees a Féierung goen. Mamer huet an der 56. Minutt vun enger Feelpass an der Kanecher Defense profitéiert an den drëtte Gol markéiert. D'Lokalekipp huet sech awer net verstoppt a koum zu hire Chancen; awer ouni Reussite. An de leschte 15 Minutte krut keng Ekipp de Ball geféierlech op de géigneresche Gol. Eréischt an der Nospillzäit krut Kanech nach en Eelefmeter zougesprach, deen den Deville verwandelt huet.
Tabelleleader nom 1. Spilldag ass awer d'Victoria Rouspert. Si klappen d'US Hueschtert auswäerts 4:1 a sti virun Diddeleng a Mamer.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater
Déifferdeng - Biissen 1:0
1:0 Franzoni (36')
Munneref - Stroossen 0:1
0:1 Agovic (47')
Rodange - Racing 1:1
0:1 Pina Gomes (52'), 1:1 Civocic (73')
Jeunesse Esch - Käerjeng 1:1
0:1 Maison (69'), 1:1 Omosanya (81')
Hueschtert - Rouspert 1:4
0:1 Kyereh (6'), 0:2 Faldey (49'), 0:3 Steinbach (70', Eelefmeter), 0:4 Ferreira (81'), 1:4 Letiévant (90'+4)
Hesper - Péiteng 0:0
Kanech - Mamer 2:3
0:1 Rapaille (5'), 1:1 Perkovic (23'), 1:2 Teles Santos (37', Eelefmeter), 1:3 Baillet (56'), 2:3 Deville (90'+5, Eelefmeter)