Den internationale Sportgeriichtshaff CAS huet den Appell vum aktuellen FA-Cup-Gewënner ofgewisen.

Den CAS huet den Ausschloss aus der Europa League, trotz sportlecher Qualifikatioun, confirméiert. D'UEFA hat dës Decisioun geholl, well sech och Olympique Lyon fir déi zweetwichtegst Competitioun am europäesche Veräinsfuttball qualifizéiert hat, a béid Veräiner zum Deel dem US-amerikaneschen Investor John Textor gehéieren. Dësen hat seng Undeeler um englesche Club zwar nach wolle verkafen, mä laut UEFA koum déi Decisioun ze spéit.

D'Reegelunge vun der UEFA wiere kloer a géifen an dësem Fall kee Spillraum loossen, sou den CAS a senger Erklärung. Crystal Palace wier dobäi net onfair behandelt gi géintiwwer deenen anere Veräiner. Den Textor ass Besëtzer vu Lyon an huet bei Palace déi meeschte Parten. Nodeems de Problem bekannt gouf, huet den Amerikaner dës zwar nach verkaaft, mä fir d'UEFA koum déi Decisioun awer ze spéit. Well de franséische Veräin enger Zwangsrelegatioun entgaange war, huet d'UEFA mussen eng Entscheedung treffen. Lyon kritt fir d'Europa League de Virzuch, well si an hirer Liga déi besser Plaz (6.) erreecht hate wéi Crystal Palace (12.). Géint déi Decisioun hat de Londoner Club Appell ageluecht beim internationale Sportgeriichtshaff CAS.

Hannergrond fir d'Urteel sinn d'Reegele beim sougenannte "Multi-Club-Ownership". Wann eng Persoun am Besëtz vu méi Veräiner ass, oder u méi Clibb bedeelegt ass, soen d'Reegele vun der UEFA, dass déi Veräiner dann net an der selwechter Competitioun dierfen untrieden. Domat solle Manipulatioune vu Matcher a soss aner frauduléis Avantagen hannert de Kulisse verhënnert ginn.

Batter fir d'Englänner: Si ginn an d'Conference League relegéiert a mussen do elo och nach duerch d'Qualifikatioun. Hir Startplaz an der Europa League gëtt vun Nottingham Forest ageholl.