De Luc Holtz gouf als neien Trainer vu Waldhof Mannheim virgestallt
De Luc Holtz gouf en Dënschdeg de Mëtteg géint 13 Auer der Press virgestallt.
No der Annonce vun der FLF, datt de Luc Holtz gefrot huet, fir säi Kontrakt mat "Effet immediat" opzeléisen, steet elo fest, datt hien Trainer zu Mannheim gëtt.
Et gouf driwwer spekuléiert, elo ass et offiziell. De Luc Holtz ass en Dënschdeg de Mëtteg als neien Trainer vu Waldhof Mannheim virgestallt ginn. Detailer iwwer d’Längt vum Kontrakt goufen net bekannt ginn. De Luc Holtz huet betount, datt him déi Aufgab beim Traditiounsveräin aus Baden-Württemberg géing gefalen an datt de Club längerfristeg an déi 2. Bundesliga géing gehéieren.
De 56 Joer alen Trainer wëll een änleche Futtball spille loossen, wéi och bei der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp: e gudde Mix aus Ballbesëtz an Defense. Hien iwwerhëlt den Trainerstaff vu sengem Virgänger Dominik Glawogger, deen e Méindeg Owend als Chef-Trainer fräigestallt gouf. Dem Luc Holtz säi fréiere Co-Trainer bei der FLF-Selektioun, de Mario Mutsch, ass net mat bei Mannheim gewiesselt.
Waldhof Mannheim steet aktuell mat engem Punkt no zwee Spilldeeg op der 15. Plaz an der drëtter däitscher Liga. E Méindeg gouf den Dominik Glawogger als Chef-Trainer fräigestallt. Vun 2022 bis 2024 huet ënner anerem de Kapitän vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp, de Laurent Jans, fir Waldhof Mannheim gespillt.