US-Sprinter Fred Kerley verstéisst géint Reegele vun Anti-Doping-Agence

© Domenico Cippitelli / NurPhoto / NurPhoto via AFP
De fréiere Weltmeeschter an duebelen Olympiamedaillegewënner huet géint d'Reegele vun der sougenannter Meldeflicht verstouss.
Den Amerikaner Fred Kerley, deen 2021 zu Tokio Sëlwer an 2024 zu Paräis Bronze iwwer 100 Meter gewonnen huet, ass vun der Athletics Integrity Unit provisoresch gespaart ginn. Hien ass den Obligatiounen net nokomm, sech lokaliséieren ze loossen, fir getest kënnen ze ginn.
Op de soziale Medien huet de Sprinter scho wësse gedoen, dass hien d'Virwërf kontestéiert. De Kerley refuséiert awer, weider Detailer ze ginn, déi fir Opklärung kéinte suergen. Réischt virun zwou Wochen hat den 100-Meter-Weltmeeschter vun 2019, 2022 an 2023 matgedeelt, hie géing net un der WM zu Tokio a Japan deelhuelen, déi am September ass. Och dozou wollt hie keng weider plausibel Erklärungen ofginn.
De Kerley ass dëst Joer schonn zweemol festgeholl ginn. Am Januar war hie Poliziste géintiwwer aggressiv ginn, Ufank Mee hat hien an der Lobby vun engem Hotel seng Frëndin geschloen. D'lescht Joer war hie schonn emol wéinst haislecher Gewalt ugeklot ginn.