"Et ass eng nei Erausfuerderung, déi ech mat grousser Freed a Stolz uginn"
E Mëttwoch de Moie gouf den neien Nationaltrainer Jeff Strasser op enger Pressekonferenz um Siège vun der FLF zu Monnerech offiziell virgestallt.
No sengen Trainerstatioune bei der Fola, beim 1. FC Kaiserslautern, dem Swift Hesper, der Jeunesse Esch an dem Progrès Nidderkuer, ass de Jeff Strasser offiziell als neien Nationaltrainer vun der Hären-A-Ekipp virgestallt ginn.
Adaptatiounen am Staff
Op der Pressekonferenz vun der FLF huet de fréiere Profi an Nationalspiller der Federatioun Merci gesot fir d'Vertrauen, dat si an hie setzen, a freet sech op seng nei Aarbecht, déi hie mat groussem Engagement an Enthusiasmus wäert ugoen. De Jeff Strasser wëll d'Ekipp am Sënn vu sengem Virgänger Luc Holtz weiderentwéckelen. Den aktuellen U21-Nationaltrainer Dan Huet gëtt neie Kotrainer, wärend de Rui Forte an de Claude Origer der Nationalekipp als Golkippstrainer, respektiv Préparateur Physique, weiderhin erhale bleiwen. Ob dem Mario Mutsch säi Wonsch hin, iwwerhëlt hien d’U21-Nationalekipp. Den techneschen Direkter Manuel Cardoni, deen dem Luc Holtz Merci gesot huet fir seng Aarbecht, wäert beim éischte Stage als Bindeglied operéieren. Zil ass et, eng gutt Verbindung tëscht der Futtballschoul zu Monnerech an der A-Ekipp ze schafen.
D'Aarbecht wäert eng aner si wéi als Veräinstrainer
En vue vun den zwee nächste Matcher muss elo séier vill Aarbecht geleescht ginn. Et wäert keng Revolutioun geschéien am Kader. De grousse Kär vum Kader wäert bestoe bleiwen, punktuell Evolutioune sinn awer méiglech. Mam President a mat der Federatioun goufen Objektiver opgestallt, fir d'Ekipp weider z'entwéckelen an ze verbesseren. Attraktive Futtball soll gespillt ginn, deen op Ballbesëtz ausgeluecht an einfach en place ze setzen ass, ofhängeg vum jeeweilege Géigner.
Éischte Krittär fir selektionéiert ze ginn ass d'Qualitéit vun engem Spiller, egal wéi al en ass. Et gëtt individuell gekuckt, wat fir wéi e Spiller dat Bescht ass. Déi 23 bescht Leit zum jeeweilegen Zäitpunkt ginn nominéiert. Beim Maxime Chanot a beim Antony Moris sinn nach keng Decisioune geholl ginn, den Gerson Rodrigues gëtt bis op Weideres net invitéiert.
De Jeff Strasser ënnersträicht, dass hie seng nei Aufgab mat grousser Freed wäert ugoen, a sech der Erausfuerderung mat Éiergäiz wäert stellen. Dobäi wier hien awer net onbedéngt nervös. Hien hat d'Gespréich gesicht mat der Federatioun, an duerno seng Kandidatur erageschéckt.