Luka Mladenovic no staarker Leeschtung eliminéiert

© AFP
De Lëtzebuerger Dëschtennisspiller krut et an de 1/16-Finalle mam grousse Favorit Darko Jorgic ze dinn, a konnt dëse virun e puer Problemer stellen.
En Dënschdeg den Owend war fir de Luka Mladenovic an de 1/16-Finalle vum WTT Europe Smash zu Malmö a Schweden Schluss. Dem Lëtzebuerger ass et trotz enger staarker Leeschtung net gelongen, fir sech géint d'Nummer 8 op der Welt, Darko Jorgic ze behaapten. Dem Mladenovic sollt et geléngen, den éischte Saz mat 11:6 fir sech ze decidéieren. Réischt duerno koum de Slowen Jorgic besser an de Match a konnt seng Qualitéite besser ausspillen. Um Enn waren d'Sätz 2, 3 a 4 fir de Jorgic (11:6, 11:4, 11:8), dee sech domat fir d'Aachtelsfinalle vum Tournoi qualifizéiert.
Beim Tournoi zu Malmö sinn dem Mladenovic dräi Victoire géint Spiller ass aus den Top80 an der Welt gelongen. De Lëtzebuerger steet aktuell an der Weltranglëscht op Plaz 136. Am Februar hat de Mladenovic an der Bundesliga iwwerraschend 3:0 géint de Jorgic gewonnen.