Um 1. Spilldag vun der Bundesliga gouf et donieft eng Victoire fir Union Berlin géint Stuttgart, wärend Hoffenheim zu Leverkusen gewonnen huet.

An den anere Lige gouf et ënner anerem eng Defaite fir Manchester City géint Tottenham an eng Victoire vu Lyon géint Metz mam Brian Madjo.

Am Owesmatch ass Dortmund no enger gudder hallwer Stonn duerch de Guirassy bei St. Pauli a Féierung gaangen. D'Lokalekipp konnt allerdéngs no der Paus duerch den Hountondji ausgläichen, dee vum Danel Sinani per Flank an Zeen gesat gouf. St. Pauli huet dem BVB duerchaus Problemer bereet, ma no Goler vun Anton a Brandt huet de Match entscheet geschéngt. An der 86. Minutt krut den Dortmunder Mane dunn no engem Foul am Strofraum déi rout Kaart, an de fällegen Eelefmeter gouf vum Sinani verwandelt. E puer Minutten drop huet de Smith per Distanzschoss den 3:3 fir d'Haushäre geschoss, bei deem Score et dunn och sollt bleiwen.

Frankfurt hat géint Bremen keng Problemer a louch duerch Goler vun Uzun a Bahoya fréi 2:0 a Féierung. Am zweeten Duerchgang sollten nach e puer Goler falen, d'Frankfurter Victoire war allerdéngs zu kengem Zäitpunkt wierklech a Gefor. Um Enn huet et 4:1 fir d'Eintracht geheescht.

Trotz enger fréier Féierung fir d'Lokalekipp zu Leverkusen huet Hoffenheim gutt matgespillt, soudass een no enger knapper hallwer Stonn ausgläiche konnt. Kuerz nom Säitewiessel hunn d'Gäscht de Match duerch e Gol vum Lemperle gedréint, a bei deem 2:1 sollt et och bis zum Schluss bleiwen.

Donieft konnt Augsburg sech 3:1 zu Freiburg duerchsetzen. Obwuel d'Spectateuren eigentlech eng ausgeglache Partie ze gesi kruten, ass et mat engem 3:0-Avantage fir d'Gäscht aus Augsburg an d'Kabinne gaangen. D'Fuggerstädter hunn nom Säitewiessel gutt verdeedegt an hu just duerch een Eelefmeter nach e Gol geschoss kritt. Den Aiman Dardari war bei Augsburg net am Kader.

Duerch zwee Goler vum Ansah an der éischter Hallschent huet Union Berlin sech e wéineg iwwerraschend mat 2:1 géint Stuttgart duerchgesat. Ee spektakuläre Gol vum Tomas kuerz viru Schluss sollt fir de VfB ze spéit kommen.

Heidenheim huet doheem 1:3 géint Wolfsburg verluer. D'Wolfsburger Féierung no 20 Minutte konnt Heidenheim duerch ee schéinen direkte Fräistouss vum Scienza konteren. Eng knapp hallef Stonn viru Schluss huet de Svanberg dunn den zweete Gol fir d'Wëllef geschoss, ier den Amoura kuerz viru Schluss vum Punkt aus den Deckel dropgemaach huet.

An der 2. Bundesliga huet Magdeburg sech missen 1:3 zu Hannover geschloe ginn. Den Eldin Dzogovic stoung bei de Magdeburger net am Kader.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell