Donieft hat Arsenal keng Problemer mat Leeds United an den italieenesche Champion Napoli ass mat enger Victoire an déi Saison gestart.

An der Bundesliga ass dem Danel Sinani mat St. Pauli géint de BVB e Gol an eng Virlag gelongen, wärend Hoffenheim zu Leverkusen gewonnen huet.

Premier League

Manchester City - Tottenham 0:2
0:1 Johnson (35'), 0:2 Palhinha (45+2')

City ass besser an de Match komm, konnt eng wackeleg Defense vun de Visiteuren awer trotz enger Rei Geleeënheeten net bestrofen. Op der anerer Säit sinn d'Spurs duerch e Konter an e Feeler vum Trafford am Gol vun den Haushären nach virun der Paus 2:0 a Féierung gaangen. Och am zweeten Duerchgang huet Tottenham kaum méi eppes zougelooss, soudass ee sech um Enn verdéngt bei de Citizens duerchsetze kann.

Arsenal - Leeds United 5:0 
1:0 Timber (34'), 2:0 Saka (45+1'), 3:0 Gyökeres (48'), 4:0 Timber (56'), 5:0 Gyökeres (90+5', Eelefmeter)

Arsenal huet d'Partie vun Ufank un dominéiert, mam éischte Gol huet ee sech awer laang schwéier gedoen. Nom Timber sengem Kappball war de Knuet du geléist an d'Gunners waren eng Nummer ze grouss fir d'Gäscht vu Leeds.

Serie A

Sassuolo - Napoli 0:2 
0:1 McTominay (17'), 0:2 De Bruyne (57')

Den italieenesche Champion ass mat enger verdéngter Victoire an déi nei Saison gestart. Dem Neizougang De Bruyne säin direkte Fräistoussgol no enger knapper Stonn hat géint en offensiv harmlosen Opsteiger vu Sassuolo scho fir d'Virentscheedung gesuergt.

Milan - Cremonese 1:2
0:1 Baschirotto (28'), 1:1 Pavlovic (45+1'), 1:2 Bonazzoli (61')

Obschonns d'Lokalekipp de Match dominéiert huet, ass den Opsteiger duerch e Corner a Féierung gaangen. Kuerz virun der Paus konnt Milan augläichen, ma no enger Stonn huet de Bonazzoli mat engem spektakulären Ofschloss fir den zweete Gol gesuergt. Op deen hunn d'Haushäre keng Äntwert méi fonnt, soudass ee mat enger Defaite an d'Saison start.

Ligue 1

Marseille - Paris FC 5:2
1:0 Greenwood (18', Eelefmeter), 2:0 Aubameyang (24'), 2:1 Kebbal (28'), 2:2 Simon (58'), 3:2 Aubameyang (73'), 4:2 Hojbjerg (81'), 5:2 Vaz (90+6')

Trotz 0:2-Réckstand huet den Opsteiger sech net opginn a konnt no enger Stonn souguer den 2:2 markéieren. Déi individuell Qualitéit vun Aubameyang an Hojbjerg sollt awer um Enn duergoen, soudass Marseille déi éischt Victoire vun der Saison feiere kann.

Lyon - Metz 3:0
1:0 Fofana (25'), 2:0 Tolisso (30'), 3:0 Karabec (83')

No enger ausgeglachener Ufanksphas, an där de Brian Madjo no u säin éischte Gol an der Ligue 1 erukomm ass, huet Lyon mat zwee Goler fir kloer Verhältnisser gesuergt. An der Suite ass de Match verflaacht an op béide Säite goufen et net méi allze vill Occasiounen. No 80 Minutte gouf de Madjo ausgewiesselt, e puer Minutten drop huet de Karabec d'Partie mam 3:0 entscheet.

La Liga

Atlético Madrid - Elche 1:1
1:0 Sorloth (8'), 1:1 Mir (15')

De Sorloth huet Atlético fréi a Féierung bruecht an huet kuerz drop eng weider gutt Geleeënheet ongenotzt gelooss. Dat sollt bestrooft ginn, well de Mir direkt duerno ausgläiche konnt. Och wann ee sech am Verlaf vum Match nach e puer Occasiounen erausspille konnt, war et eng schwaach Leeschtung vun den Haushären. Et blouf beim 1:1, woumat de Feelstart fir d'Ekipp vum Diego Simeone perfekt ass.

Levante - Barcelona 2:3
1:0 Romero (15'), 2:0 Morales (45+7', Eelefmeter), 2:1 Pedri (49'), 2:2 Torres (52'), 2:3 Elgezabal (90+1')

Liga Portugal 

Benfica - Tondela 3:0
1:0 Ivanovic (31'), 2:0 Aursnes (42'), 3:0 Prestianni (90+6')

D'Ekipp vum Leandro Barreiro huet vun Ufank u keen Zweiwel drun opkomme gelooss, wien zu Lissabon als Vainqueur vum Terrain goe sollt. No de Goler vun Ivanovic an Aursnes hat den Opsteiger kaum eng Chance méi. De Barreiro ass eng 10 Minutte viru Schluss agewiesselt ginn.