De 26 Joer jonke Golkipp hat d'lescht Saison ee groussen Undeel um Champions-League-Titel vum PSG, geet allerdéngs am Sträit mam Veräin auserneen.

Et hat sech iwwer Wochen ugedeit, elo ass et offiziell. De Gianluigi Donnarumma huet ee Kontrakt bis 2030 bei Manchester City ënnerschriwwen.

Mat staarke Paraden a Prestatiounen d'lescht Saison an der Champions League huet den italieeneschen Nationalgolkipp ee groussen Undeel um Gewënn vum Paris-Saint-Germain an der Kinneksklass gehat. 2021 ass den elo 26 Joer jonke Golkipp vum AC Mailand an déi franséisch Haaptstad gewiesselt a konnt ënner anerem 4 Mol de franséische Championstitel an 2 Mol d'Coupe gewannen.

Am Summer huet sech de PSG scho mam Lucas Chevalier vu Lille verstäerkt, well de Veräi mam Donnarumma keen Accord fir d'Verlängerung vu sengem Kontrakt iwwert 2026 eraus konnt fannen.

De Brasilianer Ederson, deen déi lescht Joren am Gol vu Manchester City stoung, wiesselt dogéint an d'Tierkei bei Fenerbahce Istanbul.