Den Australier hat op der Arrivée eng Avance vun 35 Sekonnen op de Pablo Castrillo a ronn eng Minutt op de Javier Romo.

Nom Roudag stoung en Dënschdeg déi 10. Etapp iwwer 175,3 Kilometer vu Parque de la Naturaleza Sendaviva op El Ferial Larra Belagua um Programm.

An der Ufanksphas vun der Course goufen et Attacken a kleng Echappéeën, déi awer ëmmer rëm agefaange goufen. An der Suite konnte sech 29 Coureuren a verschiddene Gruppen ofsetzen a sech eng Avance vu ronn dräi Minutten erausfueren.

Am leschte Col vum Dag huet den Jay Vine ronn fënnef Kilometer virun der Arrivée attackéiert. Den Australier gouf um Enn net méi agefaangen a konnt domadder no der 6. Etapp och déi 10. Etapp fir sech entscheeden.

De Grupp vun de Favoritte ronderëm de Jonas Vingegaard an de Joao Almeida hu fënnef Kilometer virun der Arrivée den Tempo ugezunn. De Leader am General, Torstein Traeen, huet misse lass loossen. Op der Arrivée hat den Norweger e Retard vun enger Minutt op de Spëtzegrupp.

Domadder verléiert hien de roude Maillot un de Jonas Vingegaard. Den Torstein Traeen ass am General elo den neien Zweeten op 26 Sekonnen. Drëtten ass de Joao Almeida op 38 Sekonnen.

De Lëtzebuerger Bob Jungels koum mat enger Retard vun aacht Minutten an 58 Sekonnen op déi 52. Plaz. Am General ass hien de 74. op ronn 55 Minutten.

E Mëttwoch geet et op der 11. Etapp iwwer hiwweleg 157,4 Kilometer ronderëm Bilbao.

Klassement vun der 10. Etapp

1 Vine Jay UAE Team Emirates - XRG 3:56:24
2 Castrillo Pablo Movistar Team 0:35
3 Romo Javier Movistar Team 1:04
4 Ryan Archie EF Education - EasyPost 1:05
5 Pidcock Thomas Q36.5 Pro Cycling Team ,,
6 Ciccone Giulio Lidl - Trek ,,
7 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
8 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike ,,
9 Lecerf Junior Soudal Quick-Step ,,
10 Almeida João UAE Team Emirates - XRG ,,
...
52 Jungels Bob INEOS Grenadiers 8:58

General

1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 37:33:52
2 Træen Torstein Bahrain - Victorious 0:26
3 Almeida João UAE Team Emirates - XRG 0:38
4 Pidcock Thomas Q36.5 Pro Cycling Team 0:58
5 Gall Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 2:03
6 Ciccone Giulio Lidl - Trek 2:05
7 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike 2:12
8 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 2:16
9 Pellizzari Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
10 Riccitello Matthew Israel - Premier Tech 2:43
...
74 Jungels Bob INEOS Grenadiers 54:28