Alexander Zverev packt et net an d'1/8-Finallen

© AFP
Bei de US Open stoungen e Sonndeg bei den Hären a bei den Dammen déi lescht Partië vun de 1/16-Finallen, an och schonn e puer 1/8-Finallen um Programm.
Hären
Am Singel vun den Hären ass den Alexander Zverev eliminéiert. D'Nummer 3 vum ATP-Ranking huet sech no véier Sätz mat 1:3 (6:4, 6:7, 4:6 a 4:6) misse géint de Kanadier Felix Auger-Aliassime (Nummer 27) geschloe ginn.
Da konnt sech den Alexander Bublik aus dem Kasachstan mat 3:2 (7:6, 6:7, 6:3, 6:7 a 6:1) géint den Tommy Paul aus den USA behaapten an den Ticket fir d'1/8-Finalle buchen.
An den 1/8-Finallen huet sech dann de Jiri Lehecka duerchgesat. Den Tschech huet sech bannent véier Sätz mat 3:1 (7:6, 6:4, 2:6 a 6:2) géint den Adrian Mannarino behaapt.
Méi spéit war et dann um Carlos Alcaraz, dee sech mat e puer Beméiunge mat 3:0 (7:6, 6:3, 6:4) géint den Arthur Rinderknech aus Frankräich den Ticket fir d'1/4-Finalle séchere konnt.
Och fir den Taylor Fritz geet et an de 1/4-Finalle weider. Den US-Amerikaner konnt mat 3:0 (6:4, 6:3, 6:3) géint den Tomas Machac wannen.
Fir den Ofschloss vum Dag war et dann nach um Novak Djokovic, dee sech géint den Däitsche Jan-Lennard Struff mat 3:0 (6:3, 6:3, 6:2) duerchsetze konnt.
Dammen
Bei den Damme sinn et um Sonndeg an de 1/16-Finalle keng Iwwerraschunge ginn. D'Iga Swiatek huet sech an engem relativ enke Match mat 2:0 (7:6 a 6:4) géint d'Anna Kalinskaya duerchgesat a fir d'Beatriz Haddad Maia gouf et eng kloer 2:0-Victoire (6:1, 6:2) géint d'Maria Sakkari.
Den éischten Ticket fir d'1/4-Finalle konnt sech d'Jessica Pegula mat enger däitlecher 2:0-Victoire (6:1, 6:2) géint d'Ann Li huelen. Donieft gouf et eng 2:1-Victoire (1:6, 7:6, 6:3) fir d'Barbora Krejcikova géint d'Taylor Townsend.
Och d'Nummer 1 vum ATP-Ranking Aryna Sabalenka huet net vill ubrenne gelooss an d'Partie an den 1/8-Finalle mat 2:0 (6:1, 6:4) géint d'Cristina Bucsa gewonnen.
Eng iwwerraschend Defaite gouf et dann nach am leschte Match vum Dag fir d'Elena Rybakina. D'Nummer 10 vum ATP-Ranking aus dem Kasachstan huet mat 1:2 (4:6, 7:5, 2:6) géint d'Tschechin Marketa Vondrousova (Nummer 60) de Kierzere gezunn.