De Gregor Payet huet de Weekend op en Neits seng staark Form ënner Beweis gestallt.

De Gregor Payet huet e Samschdeg déi 37. Editioun vum Triathlon zu Gérardmer a Frankräich gewonnen. Den 30 Joer ale Lëtzebuerger huet dobäi een neie Streckerekord realiséiert. Hien huet fir déi 1,9 Kilometer Schwammen, 90 Kilometer Vëlofueren an 21 Kilometer Lafe véier Stonnen, 15 Minutten a 24 Sekonne gebraucht. Hie war méi wéi véier Minutte méi séier wéi déi zwee Fransouse Clément Grandy (4.19'45'') a Louis Richard (4.10'58''), déi de Podium komplettéiert hunn. Déi komplett Resultater ginn et hei.

Gutt Resultater gouf et och fir déi zwou Lëtzebuergerinnen Eva Daniëls a Linda Krombach zu Quiberon bei enger Manche vun der Franséischer Club-Meeschterschaft. Bei der Victoire vun der brittescher Vize-Olympiagewënnerin vun Tokio, Georgia Taylor Brown, ass d'Daniëls op déi staark fënnef Plaz komm an d'Krombach ass déi 7. ginn. Si haten e Réckstand vu 54 Sekonnen respektiv enger Minutt. Bei den Hären ass den Théo Marti den 80. ginn. Déi komplett Resultater ginn et hei.

Bei enger Bundesliga-Manche zu Hannover war et nach déi gutt véiert Plaz vum Lucas Cambrésy. Fir de Pol Stoffel war et déi 73. Plaz. Déi komplett Resultater ginn et hei.