Lëtzebuerg spillt am Tennis dëse Weekend a Chile am Weltgrupp 1 fir an déi lescht Qualifikatiounsronn ze kommen.

Am Fall vun engem Succès do, geet et effektiv ëm d'final Victoire am Davis Cup. Am Parque Deportivo Estadio Nacional zu Santiago de Chile feelt awer mam Chris Rodesch d'Nummer 1 vun der FLT, an dat mécht déi aktuell Aufgab natierlech net méi einfach
 
Mam Chris Rodesch wär et scho richteg schwéier géint d'Lokalekipp ginn. Déi aktuell Nummer 174 an der Tennis-Weltranglëscht ass awer net mat a Südamerika gereest, de Lëtzebuerger Davis-Cup-Kapitän Gilles Müller.

"Ouni de Chris fält eis e ganz wichtege Spiller ewech, mee bon, ech mengen, dat ass elo esou, dat ass schued, mee mir kënnen awer seng Entscheedung total verstoen. Ech mengen, jo, en huet elo mat enger Verletzung sech ronderëm geplot, quasi dee ganze Summer, huet no Wimbledon just ee Match op der Tour gespillt an ech mengen effektiv, dass dann esou Match wéi hei am Chile, elo déi wäit Rees, plus och ee Wiessel vun der Surface, dass dat net wierklech a säi Plang erapasst, voilà, dat ass wéi gesot schued, respektéiere mer awer total, mir hoffen, dass e ganz schnell a nees fit gëtt an dass en eis dann am Januar kann hëllefen."
 
Chile huet 4 Spiller, déi an der Weltranglëscht an den Top 150 sinn, et ass awer effektiv keen dobäi, deen ënnert deenen 100 éischten ass. Den Nicolas Jarri ass als Nummer 102 am beschte klasséiert. Bei der Lëtzebuerger Formatioun huet den Alex Knaff elo d' Roll vun der Nummer 1. Ronderëm den 668. am ATP-Ranking sinn awer mat Rafael Calzi, Aaron Gil Garcia, Louis van Herck a Metti Reiter ganz jonk Matspiller. Fir de Gilles Muller ass d' Renconter awer eréischt eriwwer, wann dee leschte Ball gespillt ass.

"A wéi gi mer an de Match eran? Lauschter, ech mengen, wéi ech dann ëmmer och als Spiller gesot hunn, ech ginn an all Match eran, fir en ze gewannen, och wann ech weess, dass hei, dass et wäert ganz, ganz schwéier ginn, well mer géint eng Ekipp spillen, déi eis um Pabeier total iwwerleeën ass."
 
Am Virfeld huet de Lëtzebuerger Davis-Cup Kapitän op jiddwer Fall alles gemaach, wat gemaach konnt ginn.

"De Match muss gespillt ginn. Mir hunn eis, sou gutt wéi méiglech, drop preparéiert. An voilà, lo geet et drëms, dass mer am Terrain alles erageheie wat mer hunn. An da kucke mer, wat dobäi erauskënnt. Sou einfach ass et."
 
D'Partie am Weltgrupp 1 tëscht Chile a Lëtzebuerg fänkt um Samschdeg un, um éischten Dag ginn et zwee Eenzel, éiert et dann e Sonndeg mat engem Dubbel an zwee Simpel weidergeet.
 
Um Freideg fänkt deen éischte Match um 23 Auer Owes Lëtzebuerger Zäit un. E Sonndeg ginn dann nees déi éischt Bäll vun Owes 22 Auer eiser Zäit un, gespillt.