Enovos League an der RTL Live Arena
Amicale Steesel géint Kordall Steelers um 20.30 Auer am Livestream
Nom Futtball an Handball start de Weekend och de Basketball an déi nei Saison.
Den Optakt am Championnat mécht e Freideg den Owend um 20.30 Auer bei den Hären de Match Steesel géint d'Kordall Steelers.
Déi weider Partië ginn e Samschdeg gespillt. D'Virschau op déi nei Saison fannt Dir hei.
All d'Partië kënnt Dir an der RTL Live Arena kucken.
Fir d'Damme geet et e Sonndeg lass. Do huet sech d'FLBB eng nei Formule iwwerluecht. D'Partië vum 1. Spilldag ginn alleguer e Sonndeg um INS gespillt. Op RTL.lu gi se am Livestream iwwerdroen.
De Livestream vu weidere Matcher aus der Enovos League an der RTL Live Arena
Am meeschte gelies