McLaren wäert säi Konstrukteur-Titel zimmlech sécher verdeedegen. Déi grouss Fro ass nëmmen: wéini? Den éischte Matchball huet Papaya schonn dëse Weekend.

7 Coursse viru Schluss ka McLaren de Sak schonn zoumaachen. D'Chancë sti relativ gutt. Norris a Piastri mussen zesummen op d'mannst 9 Punkte méi wéi Ferrari kréien, an op Mercedes däerfe se héchstens 11 respektiv op Red Bull héchstens 32 Punkte verléieren. McLaren kéint also esouguer da feieren, wann de Max Verstappen erëm ee Stréch duerch eng Papaya-Victoire mécht. Eng weider Verstappen-Victoire ass nämlech net ausgeschloss.

De Stadcircuit vu Baku huet Ähnlechkeete mat Monza, an et ass net ausgeschloss, dass de Red Bull och am Aserbaidjan richteg gutt funktionéiert.

Suivéiert de FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AZERBAIJAN GRAND PRIX 2025 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.

Commentaire: Tom Hoffmann

Är Froen an Äre Feedback un den Tom Hoffmann

Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Hoffmann kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d'Nummer 621 777 888.

D’Analyse vum RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl

Ech hat dëst Joer schonn e puer Mol geschriwwen, datt e Circuit zwee Gesiichter kann hunn, mee néierens sinn d’Géigesätz esou extrem wéi zu Baku!
 
Eng immens laang Riicht, déi e Monza-Setup verlaangt, gëtt direkt kombinéiert mat engem kniwwelege Monaco-änlechen Deel ëm d'Alstad. Minimalen an héchsten Appui sti sech do diametral géintiwwer.
 
Mechanesch gesinn ass et awer méi einfach: et brauch ee virun allem gutt Traktioun. Well d'Kéieren an enger enker Vitess-Fënster leien, kann ee sech bei der Héicht iwwer dem Buedem un der optimaler Sortie orientéieren an dono den Auto esou séier esou déif wéi méiglech fale loossen, fir de Loftwidderstand ze reduzéieren.
 
De Makadamm ass glat, wat et schwiereg mécht, d'Pneuen op Temperatur ze bréngen. Zousätzlech kënnt dobäi, datt de Makadamm ëm d'Alstad all Joer nei ugeluecht gëtt: do läit fir gewéinlech Pawee, dee fir de Grand-Prix zougedeckt gëtt. Dofir bleift d'Gefor vu Graining ëmmer reell. Weider Erausfuerderung: De viischte lénke Pneu gëtt kaum belaascht a riskéiert dofir, beim Bremsen ze blockéieren.
 
Baku ass selwer eng Stad vun Dualitéiten – kulturell tëscht Tierkei an Noem Osten, sportlech um Circuit tëscht Principautéit a kinneklechem Park. Passend also och als Bün fir en Duell vun de Papayoten.

RTL

© Mercedes-AMG PETRONAS F1 Team

Login, fir d'Formel 1 am Stream op RTL PLAY ze kucken

Wéinst de méi strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d'F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d'Livestreamen an d'Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm a -Passwuert aloggen. Och an Zukunft brauch een awer wuelverstanen näischt fir d'Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.

Programm

Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm  vun RTL ZWEE um RTL Play

Freideg, 19. September 2025: 13h55 – 15h05
Commentaire: Tom Hoffmann

Samschdeg, 20. September 2025: 10h25 – 11h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 20. September 2025:
Ufank vun der Emissioun: 13h55
Start vun der Qualifikatioun: 14h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 15h10
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl

Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Sonndeg, 21. September 2025: 
Ufank vun der Emissioun: 12h15
Depart vun der Course: 13h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 15h15
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl

Saison-Kalenner 2025

19. bis 21. September: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AZERBAIJAN GRAND PRIX 2025
Baku City Circuit - Azerbaijan

3. bis 5. Oktober: FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2025
Marina Bay Street Circuit - Singapore

17. bis 19. Oktober: FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2025
Circuit of The Americas - United States

24. bis 26. Oktober: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2025
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexico

7. bis 9. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2025
Autódromo José Carlos Pace - Brazil

21. bis 24. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2025
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas

28. bis 30. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2025
Lusail International Circuit - Qatar

5. bis 7. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi