Donieft hu sech och Monnerech, Käerjeng, Rouspert an d'Fola duerchgesat. D'Jeunesse Esch a Mamer musste méi laang op d'Weiderkomme waarden.

E Sonndeg waren eng Rëtsch Ekippen aus der BGL Ligue am Asaz. Ënner anerem huet de Racing kloer 7:0 zu Iechternach gewonnen, Rodange hat beim 5:0 keng Problemer mat Folscht a Munneref huet mat Suessem kuerze Prozess gemaach (6:1). An och Käerjeng huet 3:0 zu Lëntgen gewonnen.

Méi schwéier huet sech dogéint Rouspert aus der Affär gezunn. D'Ekipp vun der Sauer huet géint Mutfert-Méideng en 3:2 iwwer d'Zäit gerett.

D'Escher Jeunesse an den FC Mamer mussten nosëtzen. Den FC Mamer huet sech an der Verlängerung 2:1 géint Gilsdref duerchgesat. Fir d'Jeunesse goung et bis an d'Eelefmeterschéissen, wou si mat 6:4 iwwerleeë waren.

Monnerech, de Spëtzereider aus der Éierepromotioun, huet 4:1 beim FF Norden gewonnen. Eng genee esou wäit Rees hat d'US Feelen op Lasauvage, wou si mat 4:2 als Gewënner vum Terrain goungen. D'Fola Esch huet beim 4:1 zu Biwer näischt ubrenne gelooss.

Méi spannend war et an der Partie vum Tabellevéierte Rëmeleng zu Beggen. Hei sollt den decisive Gol fir d'Gäscht eréischt an der 85. Minutt falen. Den aktuellen Tabelleleschten an der Éierepromotioun, den FC Schëffleng 95, gouf vun de Yellow Boys Weiler mat 3:2 eliminéiert.

Den Iwwerbléck vun de Resultater