Tornado verléiert a franséischer Coupe un der kanadescher Grenz

© Archiv
Fir den éischten Tour vun der franséischer Coupe huet sech d'lëtzebuergesch Ekipp misse bis an Amerika deplacéieren. Géint St. Pierre huet een 1:7 verluer.
Dëse Weekend stoung den éischten Tour vun der Coupe de France am Äishockey um Programm. Fir dëse Match huet sech den Tornado Lëtzebuerg misse bis op d'Insel St. Pierre et Miquelon bei Neifundland um amerikanesche Kontinent deplacéieren. Dës Insel gehéiert zum franséischen Iwwerséigebitt (Collectivité d'outre-mer). Et war eng 4.500 Kilometer wäit Rees bis un d'kanadesch Grenz.
Géint eng staark Formatioun vu St. Pierre huet ee sech mat 1:7 musse geschloe ginn. Domadder ass d'Aventure an der franséischer Coupe fir d'Lëtzebuerger eriwwer a si konzentréiere sech op de Championnat an der zweeter franséischer Divisioun, dee fir si den nächste Samschdeg auswäerts géint Rouen ugeet.