De Baseball-Superstar Shohei Ohtani huet den Titelverdeegeder Los Angeles Dodgers mat senger Leeschtung op en Neits bis an d'World Series bruecht.

Beim 5:1 géint d'Milwaukee Brewers, mat deem d'Dodgers d'Halleffinall-Serie mat 4:0 fréizäiteg decidéiert hunn, konnt dat 31 Joer aalt japanescht Ausnametalent als Pitcher an als Batter säi Bescht weisen. Bis zum siwenten Inning huet hie korrekt gepitcht an dat bei just zwee Hits. Mat dräi Homeruns war hien den entscheedende Mann.

Domat ass den Ohtani den éischte Spiller an der MLB-Geschicht, deen an engem Play-off-Match als Starting-Pitcher méi Homeruns erziilt huet, wéi en Hits krut. Bis ewell war dat zanter 1893 just véier Spiller gelongen, fir d'lescht dem Rick Wise viru 54 Joer mat Philadelphia.

D'Dodgers koumen domat fir d'fënnefte Kéier bannent néng Joer an d'Finalserie vun der MLB. Do treffe si dann op d'Seattle Mariners oder d'Toronto Blue Jays. Ganz uewe vun de World Series steet Seattle no enger 3:2-Victoire an der Nuecht op e Méindeg.

D'Dodgers hate sech d'Joer virdru mat engem 4:1 géint d'New York Yankees hiren aachten Titel geséchert. Zanter de Yankees am Joer 2000 hat keng Ekipp säi World-Series-Titel erfollegräich verdeedegt.