Am 2. Tour vum European Cup am Handball huet de Lëtzebuerger Champion Red Boys Déifferdeng um Freideg Owend am Kosovo mat 31:28 gewonnen.

An der Hallschent stoung et 14:14. Um Enn setze sech d'Déifferdenger mat 31:28 duerch, dat virun allem duerch méi Effikassitéit beim Ofschloss. 31 vu 50 Schëss sinn am Gol gelant, géintiwwer 28 vu 50 beim Géigner. Déi Déifferdenger spillen um Samschdeg Owend vun 20 Auer u schonn hire Retourmatch géint Kastrioti.

Donieft ass um Samschdeg vun 18 Auer un de Coupegewënner HC Bierchem och am 2. Tour vum European Cup am Asaz an dat fir den Allermatch géint Oxford Universtity.