Mönchengladbach weider an der Kris, PSG deet sech schwéier

© AFP
A Frankräich war et um Freideg den Owend den Duell tëscht Paräis a Stroossbuerg, iwwerdeem an der Bundesliga Berlin Besuch vu Gladbach hat.
Union Berlin - Gladbach 3:1
Gladbach stoung mächteg ënner Drock. No 6 Spilldeeg eréischt 3 Punkten, sou hat ee sech dat net virgestallt. Déi zweetlescht Plaz an der Tabell ass net den Usproch vu Gladbach. Um Freideg den Owend war de Géigner den 1. FC Union Berlin, déi mat 7 Punkten op Plaz 13 stoungen. D'Berliner konnten kanns fréi den Toun uginn an hu just 3 Minutte gebraucht, fir duerch den Doekhi den 1:0 ze markéieren. An der 26. Minutt huet de selwechten Doekhi den 2:0 schéisse kënnen. D'Gladbacher hunn an der 33. Minutt duerch den Tabakovic kënnen op 2:1 verkierzen. An der 81. Minutt huet de Khedira den Deckel drop gemaach a mat 3:1 fir d'Schlussresultat gesuergt. Berlin klëmmt domadder virleefeg op Plaz 7 an der Tabell, iwwerdeem Gladbach am Tabellekeller hänke bleift.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
PSG - Stroossbuerg 3:3
Paris St. Germain steet no 7 Spilldeeg op Plaz 1 an der Tabell mat 16 Punkten an krut et um Freideg den Owend mat Racing Stroossbuerg ze dinn, deen Ament op Plaz 3 mat just engem Punkt manner.
Am Ufank huet alles no Plang fir de PSG funktionéiert, well de Barcola konnt schonn no 6 Minutten d'Heemekipp mat 1:0 a Féierung bréngen. D'Reaktioun vu Stroossbuerg huet awer net laang op sech waarde gelooss, well an der 26. Minutt war et den 1:1 duerch de Panichelli. Kuerz virun der Paus konnt den Diego Moreira souguer op 2:1 fir Stroossbuerg erhéijen, dat no Viraarbecht vum Barco.

© FRANCK FIFE / AFP
Kuerz no der Paus huet de Panichelli d'Paräisser mat sengem zweete perséinleche Gol schockéiert. An der 49. Minutt war et den 3:1 fir Stroossbuerg. An der 58. Minutt konnt de Goncalo Ramos duerch en Eelefmeter op 3:2 verkierzen. D'Ekipp vum Luis Enrique huet net opginn a weider Drock gemaach. Dat huet sech dann och ausbezuelt, well an der 79. Minutt konnt de Mayulu den 3:3 markéieren. Bei deem Resultat ass et bliwwen, wouduerch de PSG d'Tabellespëtzt verdeedegt, iwwerdeem de Racing Stroossbuerg op Plaz 2 no vir réckelt.