Wéi laang halen d'Papaya-Rules nach? Gëtt den Toun tëschent dem Lando Norris an dem Oscar Pisatri elo méi rau? Zu Austin kréie mir Äntwerte geliwwert.

22 Punkten trennen déi zwee Mclaren-Piloten an der Weltmeeschterschaft an de Momentum schéngt Richtung Norris ausgeschloen ze hunn. De 25 Joer ale Britt huet an deene leschten 3 Courssen 18 Punkte méi gesammelt wéi den aktuelle WM-Leader Piastri. Kritt den Australier um COTA Circuit nees d'Kéier? Virun allem kann e gespaant sinn, wéi déi zwee Pilote géintenee Course fuere wäerten.

Nom Grousse Präis vu Singapur schéngen d'Papaya-Rules nämlech ferm um wackelen ze sinn. Ob dat e Sujet op der Constructeursweltmeschterschaftsparty war? Och de Max Verstappen dierf déi brittesch Ecurie nach net ofschreiwen,well de Red-Bull-Pilot ass nach an der Course, fir Mclaren de Piloteweltmeeschtertitel virun der Nues ewechzehuelen.

De FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2025 live um RTL PLAY.

Commentaire: Tom Hoffmann a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl

D'Analyse vum RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl

Et gëtt gesot: Nomaachen ass déi schéinste Form vu Luef. 
 
Beim Circuit of the Americas huet den Hermann Tilke "Copy Pasta" op d'Spëtzt gedriwwen an doduerch dësen Tracé kreéiert, an deem e gutt Elementer ronderëm d'Welt siche gaangen ass:
D'Suzuka "Esses" gekräizt mat "Maggotts-Becketts" ginn no der éischter Kéier den Toun un, allerdéngs de verkéierte Wee, se ginn ëmmer méi enk an doduerch muss den Auto duerch d'Kéieren ofgebremst ginn, wat d'Balance schwiereg mécht. T16 ass eng Kopie vun T8 zu Istanbul. T12-15 ass de Motodrom vun Hockenheim.
 
All déi Kéiere sinn technesch usprochsvoll, et gëtt vill kombinéiert duerch d'Passagen eran- an erausgefuer, dat heescht Gas/Brems a säitlech Belaaschtung gläichzäiteg. Den Auto ass ëmmer un der Adhérence-Limitt an d'Pilote regaléiere sech.
Vum Setup hier si mer erëm bei engem Circuit, deen déi grouss Scheierpaart als Heckflillek verlaangt, mee mechanesch Traktioun ass och gefuerdert.
 
Déi gréissten Erausfuerderung ass awer, dass de Circuit op Sumpfgebitt gebaut ass, a sech staark vu Joer zu Joer beweegt an asackt. Dat suergt fir Knubbelen, déi sech beweegen oder neier, déi entstane sinn, am Verglach zum Virjoer, eppes wat d'Piloten op engem Sprint-Weekend manner dierft gefalen, fir am eenzege Fräien Training d'Ideallinn nei ze studéieren.

RTL

Login, fir d'Formel 1 am Stream op RTL PLAY ze kucken

Wéinst de méi strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d'F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d'Livestreamen an d'Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm a -Passwuert aloggen. Och an Zukunft brauch een awer wuelverstanen näischt fir d'Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.

Programm

Sprint, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 18. Oktober 2025:
Ufank vun der Emissioun: 18h45
Start vum Sprint: 19h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 19h45
Commentaire: Tom Hoffmann a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl

Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 18. Oktober 2025:
Ufank vun der Emissioun: 22h55
Start vun der Qualifikatioun: 23h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 00h10
Commentaire: Tom Hoffmann a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl

Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE  um RTL Play

Sonndeg, 19. Oktober 2025:
Ufank vun der Emissioun: 20h15
Depart vun der Course: 21h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 23h30
Commentaire: Tom Hoffmann a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl

Saison-Kalenner 2025

17. bis 19. Oktober: FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2025
Circuit of The Americas - United States

24. bis 26. Oktober: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2025
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexico

7. bis 9. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2025
Autódromo José Carlos Pace - Brazil

21. bis 24. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2025
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas

28. bis 30. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2025
Lusail International Circuit - Qatar

5. bis 7. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi