Champions-League-Sensatioun: F91 géint Salzburg weider!

Den 0:1 fir den F91 vum Thierry Steinmetz an der 27. Minutt.
Football: An der 2. Ronn vun der Qualifikatioun vun der Champions League gewënnt Red Bull Salzburg zwar 4:3 géint Diddeleng, ma den F91 ass weider!
Wat ee Match, wat een Owend! Den F91 hat jo den Aller-Match zu Diddeleng iwwerraschend mat 1:0 gewonnen, Salzburg huet also um Dënschdegowend musse reagéieren. An et si vill Goaler gefall, ma um Enn war d'Gléck vum Dichtegen op der Säit vun den Diddelenger. Trotz enger knapper Defaite ass den F91 weider an trëfft elo op Maribor.
Vill Goaler
Och wa Red Bull Salzburg ënner Zuchzwang war, huet et fir déi Diddelenger besser ugefaangen, well den Thierry Steinmetz an der 27. Minutt fir den 0:1 gesuergt huet.
Ma quasi am Géigenzuch huet de Jakob Jantscher den 1:1 markéiert. Dat war an der 29. Minutt.
Ronn 10 Minutten drop huet dunn de Martin Hinteregger fir den 2:1 fir Salzburg gesuergt. Him war eng Flank virun d'Féiss gefall, déi dono iwwert d'Goallinn gekullert ass - allerdéngs huet et esou ausgesinn, wéi wann de Ball den Aarm an d'Hand vum Hinteregger beréiert gehat hätt. Déi Diddelenger hunn dann och Händs reklaméiert, ma et sollt näischt déngen.
2:1 ass et an d'Paus gaangen an den F91 war deen Ament dank sengem 1:0-Avantage aus dem Aller an dem Auswäertsgoal nach ëmmer weider ...

Den 2:2 fir den F91 an der 48. Minutt duerch de Joachim.
No der Paus hunn dunn d'Lëtzebuerger zougeschloen: An der 48. huet de Joachim den 2:2 geschoss an an der 56. war et dem Thierry Steinmetz säin zweete Goal zum 2:3 fir den F91 Diddeleng.

Du hu sech d'Bullen awer gewiert: Nodeems de Benzouien an der 74. eng giel-rout Kaart kritt hat, well en nach ee Goal geschoss huet, obscho gepaff gi war, hunn d'Salzburger direkt zweemol zougeschloen:
De Brasilianer Cristiano an der 80. op Eelefmeter fir den 3:3 an eng Minutt drop, an der 81., de Gonzalo Zarate fir den 4:3 fir Red Bull Salzburg.

Déi lescht 10 Minutten haten et dunn also a sech an et huet ee mussen zidderen - d'autant plus, wou den Arbitter ganzer 5 Minutten nospille gelooss huet.

Et sollt awer näischt méi änneren, den F91 qualifizéiert sech an d'Fans zu Salzburg, zu Diddeleng an am ganze Land waren aus dem Haischen!

Déi 3 Auswäertsgoaler hunn den Ënnerscheed gemaach.
6.600 Leit waren iwwregens an der Red-Bull-Arena, an där d'Bullen awer kee Gléck haten, einfach well d'Diddeleng op déi 2 Partië gekuckt ze staark war ...
Reaktioun an Éisterräich
No dem Out géint den Nobody aus Lëtzebuerg sinn déi éisträichesch Medien net grad zimperlech mat Red Bull Salzburg ëmgaangen, ëmmerhin huet de Veräin den Doublé gemaach ...
"Salzburger Trauerspiel im letzten Akt", schreift zum Beispeill diepresse.com.
Op derstandard.at gëtt getitelt: "Schlimmer geht's immer". An da kënnt et knëppeldéck fir d'Bullen: "Salzburgs Traum von der Champions League endet in einem desaströsen Fiasko - Düdelingens Amateure bleiben trotz einer 3:4-Niederlage und dank der Auswärtstorregel im internationalen Geschäft."
Weider mengt "Der Standarad": "Häme ist nicht abgebracht, schließlich geht es in der Qualifikation zur Champions League auch um das Wohl des österreichischen Fußballs. Also war es nur aberwitzig. Red Bull Salzburg wollte im fünften Versuch endlich Teil der Gruppenphase werden, es wurde die größte Blamage in der siebenjährigen Vereinsgeschichte. F91 Düdelingen, eine Art Barcelona von Luxemburg, ist zu gut gewesen. Das Team besteht aus Amateuren und Teilzeitbeschäftigten, die nun ein Problem haben. Ihre Urlaubstage sind aufgebraucht, aber vielleicht lassen die Arbeitgeber mit sich handeln. Bei den Salzburgern ist die Lage klar. Sie haben jeglichen Kredit verspielt. Trotz eines Sportdirektors Ralf Rangnick."
An d'Kronenzeitung mengt op www.krone.at: "Trotz 4:3-Sieges: Peinliche Bullen von Nobodys eliminiert
Out gegen Düdelingen. Die Blamage ist perfekt! Meister Salzburg ist am Dienstag in der zweiten Champions- League- Qualifikationsrunde an den Nobodys aus Düdelingen gescheitert."
Klengt scho bal no enger Dreifjuegt op d'Bullen ...