Déi gréisste Verbesserung geet op de Kont vum Luka Mladenovic, dee ganzer 264 Plazen no vir kënnt an elo d'Nummer 351 op der Welt ass.

An der neister Dëschtennis-Weltranglëscht hunn e puer Lëtzebuerger op Grond vun de gudde Resultater op der WM zu Kuala Lumpur e grousse Sprong no vir gemaach.

Bei den Dammen huet d'Sarah de Nutte 35 Plaze gewonnen an ass elo d'Nummer 116 op der Welt.

Bei den Häre mécht den Eric Glod e Sprong vun 129 Plazen op elo 346 am Klassement.

Déi gréisste Verbesserung geet op de Kont vum Luka Mladenovic, dee ganzer 264 Plazen no vir kënnt an elo d'Nummer 351 op der Welt ass.

Am Equipperanking stinn d'Lëtzebuerger Hären op der 52. Plaz.

D'Damme sinn souguer d'Nummer 22 op der Welt.