FLTT ass vum europäesche Verband gefrot ginn fir d'Equippeneuropameeschterschaft am September 2017 ze organiséieren.

Virun der Decisioun, op een d'Europameeschterschaft kann organiséieren, muss de finanzielle Volet nach gekläert ginn, heescht et um Kongress.

D'Veräiner hu sech e Samschdeg mat ganz grousser Majoritéit dofir ausgeschwat, dass d'Federatioun soll probéieren, fir dat Evenement op d'Been ze stellen, erkläert de President vun der Dëschtennis-Federatioun André Hartmann.

AUDIO: Extrait André Hartmann

Et gouf festgehalen, dass déi Europameeschterschaft d'Federatioun net méi wéi 75.000 Euro dierft kaschten. Dat bei engem provisoresche Budget vu ronn 1 Millioun. D'Europameeschterschaft wier am September dat nächste Joer an der Coque.

40 Natioune kéinten op Lëtzebuerg kommen an d'Matcher géifen all an der Coque gespillt ginn.