Op der europäescher Olympiaqualifikatioun zu Halmstad a Schweden hu souwuel d'Ni Xia Lian wéi och d'Sarah de Nutte d'Gruppephase mat Succès iwwerstanen.

An hiren 2 Matcher, déi d'Ni Xia Lian bis elo gespillt huet, huet déi aktuell Nummer 70 op der Welt kee Saz ofginn. Si kritt et an der Finaleronn mat der Türkin Merve Menge (WR 126) ze dinn.

Och d'Sarah de Nutte (WR 120) ass no enger klorer Victoire an enger knapper Defaite weider a spillt elo géint d'Spuenierin Gelia Dvorak (WR 105).