Dëschtennis
Diddeleng wënnt éischte Match vun der Dëschtennisfinale

Domadder huet den aktuelle Champion de Grondstee geluecht, fir an dräi Wochen den Titel verdeedegen ze kënnen.
Am Dëschtennis war gëschter déi éischt Finale vum Championnat tëscht Ettelbréck an Diddeleng. Um Enn konnt sech de Champion vun Diddeleng mat 5-3 duerchsetzen an steet alt nees virum Doublé.
AUDIO: Finale Dëschtennis / Reportage Jeff Kettenmeyer
An dräi Woche kéint een sech zu Diddeleng den Titel sécheren, ma dëst gëtt awer nach eng ganz haart Noss, well déi Ettelbrécker net op Diddeleng reesen, fir hinnen den Titel ze schenken.

Am meeschte gelies