Diddeleng setzt sech och an der 2. Finale mat 5-2 géint Ettelbréck duerch an ass domat nees Champion, wéi schonn an de leschte 4 Joer.

E Samschdeg gouf Diddeleng nees Champion am Dëschtennis. Fir d'Equipe aus der Forge du Sud war et genee, wéi déi 3 Joer virdrun, nees de Doublé.

AUDIO: Diddeleng Champion am Dëschtennis / Reportage Rich Simon

Dat heescht, dass si nieft dem Championstitel och d'Coupe an de leschte 4 Joer konnte gewannen. Fir d'Lescht ass dat deene Biissener, mat ënnert anerem Christian Schaus an Daniel Wintersdorff, ugangs 2000 gegléckt. Och si hunn dat 4 Mol hannertenee fäerdeg bruecht.

Déi Diddelenger konnten dëst Joer ënnert anerem op hiren neie Spiller Zoltan Fejer-Konnerth zeréckgräifen. Den Däitsche stoung dëst Joer nach an der Finale vum Dubbel-Championnat an Däitschland. Vum Lëtzebuerger Niveau war hie positiv iwwerrascht. Och hien huet sech vill misste konzentréieren a sech richteg virbereeden, fir géint d'Top-Spiller hei zu Lëtzebuerg ze gewannen.

Genee wéi dat leschte Joer stoungen och dëst Joer déi Diddelenger nees géint Ettelbréck an der Final. Déi Ettelbrécker wëllen d'nächste Joer awer och endlech mol nees eng Kéier de Championstitel feieren. Eng grouss Inconnu steet do awer hannert dem Sven Hansen a Laurent Kintzelé. De President vun Ettelbréck, Stéphane Dijou, weess nach net, ob béid Spiller déi nächste Saison zu Verfügung stinn. Dofir muss de Veräin a béid Spiller kucken, fir op e gemeinsamen Nenner ze kommen, well et schuet wier, déi Zwee déi nächste Saison ze verléieren.

Den Diddelenger Christian Kill freet sech schonn op déi nächste Saison. Grad op déi nei Spiller an déi nei Géigner, wat ëmmer nees eng nei Motivatioun bedeit. Zu Diddeleng ass et da kloer, datt een déi nächst Saison seng Titele verteidege wëll.

De Wee fir Champion oder Coupegewënner ze ginn, dierft déi nächste Saison normalerweis nees just iwwer Diddeleng féieren.