Europameeschterschaft zu Lëtzebuerg, oder net?

Viru ronn 6 Wochen huet d'Dëschtennis-Federatioun op der Generalversammlung annoncéiert, dass se dat nächste Joer kéinten d'Equippen-EM organiséieren.
Zanter hier goufe vill Gespréicher gefouert. Et ass awer nach net zu 100 Prozent sécher, dass d'Europameeschterschaft dat nächste Joer bei eis gespillt gëtt.
Wéi esou dacks spillt de finanziellen Aspekt bei esou enger Organisatioun mat déi wichtegst Roll. An de leschte Wochen huet d'Dëschtennis-Federatioun gekuckt an analyséiert, wéi een de Budget kann oder muss opstellen, fir dass ee keng béis Iwwerraschung erlieft. Natierlech krut ee vum europäesche Verband och ee Cahier de Charge. An deem stoung zum Beispill och d'Zuel vun den Dëscher dran, op deene soll gespillt ginn.
Et wier vun 20 Dëscher rieds gaangen, an déi hätt een net alleng an d'Arena erakritt, mä et hätt ee missten de Gymnase nach derbäi huelen, wat en ze grousse Surplus géing bedeiten, esou de President vun der Dëschtennis-Federatioun André Hartmann.
An dofir soll elo op 16 Dëscher gespillt ginn. Et goufe bis elo vill Gespréicher mam Gouvernement a mat der Stad Lëtzebuerg gefouert. An déi sinn zum Deel gutt verlaf. D'Federatioun hätt Zousoe kritt, dass se géife gehollef kréien. De Sponsoring-Beräich wier awer net méi esou einfach.
Ee Punkt mécht den Ament der Dëschtennis-Federatioun vill Kappzerbrieches, an zwar déi ganz Gestioun vun de Resultater. "Mir hu Chifferen avancéiert kritt vun 30.000 Euro", esou den André Hartmann.
Den André Hartmann geet dovunner aus, dass bis spéitstens Enn Juni eng Decisioun fält, op d'Equipen-Europameeschterschaft dat nächste Joer hei zu Lëtzebuerg ass oder net. Et ass een awer optimistesch.