Den 9. Juli hëlt déi europäesch Dëschtennisunioun ETTU d'Decisioun, ob d'FLTT 2017 d'Equippeneuropameeschterschaft hei am Land dierf organiséieren.

D'FLTT huet op alle Fall de Budget an de Paragen, deen vun de Veräiner um leschten uerdentlechen Kongress acceptéiert gouf. Et kéint maximal en Defizit vun 75.000 Euro ginn, an dee kéint dann iwwert d'Reserven, wann et néideg wär, couvréiert ginn.

De Budget ass esou wäit boucléiert, sot eis den President vun der Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun André Hartmann, nom Reglement-Kongress deen um Freideg den Owend war. Et muss just nach gekläert ginn, wéi et mat de Garantien vun der ETTU ausgesäit, wat den Titelsponsor an d'Telesrechter uginn.

D'FLTT stellt awer op jiddwerfalls hir Kandidatur fir d'Equippeneuropameeschterschaft d'nächst Joer an der Coque ze organiséieren.