Lëtzebuerger op den Olympesche Spiller - Ni Xia Lian

E Freideg den Owend gi mat der Erëffnungszeremonie déi Olympesch Spiller zu Rio definitiv lancéiert. Mat dobäi sinn dëst Joer 10 Lëtzebuerger.
An eiser Serie iwwert d'Lëtzebuerger Sportler op den Olympesche Spiller zu Rio, stelle mir iech um Dënschdeg de Mëtteg mam Ni Xia Lian déi eelste Sportlerin fir, déi déi lëtzebuergesch Faarwen op Olympesche Spiller jee vertrueden huet. D'Lynn Kayser geheit e Bléck op déi laang Carrière vun der Dëschtennisspillerin.
De 4. Juli 1963 gouf Ni Xia Lian zu Shanghai a China gebuer. Déi 1 Meter an 58 Zentimeter grouss Sportlerin huet bis 1989 fir hiert Heemechtsland Dëschtennis gespillt. Mat China konnt Ni Xia Lian och hir gréisste Succèsen féieren. Op der Weltmeeschterschaft 1983 konnt si Gold par Equipe an an der Mixed-Competitioun gewannen. Zwee Joer duerno koum nach den Weltmeeschtertitel am Dubbel dobäi.
1989 huet d'Lëtzebuergerin China a Richtung Lëtzebuerg verlooss. Zanter 1991 spillt déi 53 Joer al Lénkshännerin elo scho fir Lëtzebuerg. An do sinn an de lescht Joeren nach eng Rei Titelen dobäi komm. Bei hire 5 Participatiounen op Europameeschterschaften gouf et dräi mol Gold. Dat war 1998 an 2002 am Eenzel an 2002 nach am Mixed. Hir lescht international Medail hat déi gebierteg Chineesin 2007 mat der Sëlwermedaile op der EM ëm den Hals hänken.
Ma och 9 Joer duerno mat 53 Joer huet Ni Xia Lian nach ëmmer net genuch vum Dëschtennis. An och no esou villen Erfahrungen déi d'Spillerin vum Schwäizer Veräin Rio-Star Muttenz an hirer Karriär bis ewell konnt sammelen, kann Si aus Defaitten nach ëmmer eppes bei léieren.
D'Nummer 71 op der Welt konnt sech dëst Joer eng weider Kéier fir d'Olympesch Spiller qualifizéieren. Fir d'Lëtzebuergerin ass et schonns déi 4. Summerolympiad. 2000 zu Sydney, 2008 zu Peking an 2012 zu London koum d'Lëtzebuergerin an de Genoss vun Olympesche Spiller. Ma och no sou villen Participatiounen hunn d'Olympesch Spiller nach ëmmer e grousse Stellewäert fir Ni Xia Lian.
Dëschtennis-Competitioun fänkt en Samschdeg zu Rio un. Géint ween Ni Xia Lian am éischten Tour muss untrieden, entscheed sech e Mëttwoch, dann ass nämlech d'Auslousung.