Ni Xia Lian vun der Nummer 4 op der Welt eliminéiert
Géint d'Feng Tianwei aus Singapur konnt sech d'Lëtzebuergerin net duerchsetzen, obwuel et am Ufank ganz gutt lassgoung ...
Nodeems d'Ni Xia Lian schonn 2-0 vir war, konnt d'Nummer 4 op der Welt de Match awer nach dréinen a mat 4-2 fir sech entscheeden. Domadder ass am drëtten Tour zu Rio fir d'Lëtzebuergerin, déi aktuell Nummer 66 op der Welt, Schluss.

© RTL Radio Lëtzebuerg / Franky Hippert
Déi 4-fach Olympionikin kann awer mat hirer Leeschtung zu Rio méi wéi zefridden sinn. Déi zwee éischt Sätz huet d'Ni Xia Lian gutt gespillt an och gewonnen. Och den drëtte Saz war enk an d'Lëtzebuergerin huet dee just ganz knapp verluer. D'Tianwei huet sech awer gutt un d'Lëtzebuergerin ugepasst an de Match gedréint, sou den Trainer Tommy Danielsson. Ob d'Ni Xia Lian a 4 Joer zu Tokio och nach dobäi ass, wollte weder d'Spillerin nach hiren Trainer Tommy Danielsson ausschléissen.