Nei Saison annoncéiert sech méi ausgeglach

Bei den Damme goung d'Coupe déi lescht Saison op Mamer.
D'Saison 2016 gouf allkéiers mat engem Doublé fir Mamer bäi den Dammen a Stroossen bäi den Hären ofgeschloss.
Ma déi nei Saison annoncéiert sech méi equilibréiert.
Mam Kamil Rychlicki huet de wuel beschte Lëtzebuerger Volleyballer säin Dram verwierklecht an de VC Stroossen a Richtung vun der belscher Profisequipe Maaseik verlooss. Dës Perte ze kompenséieren, wäert fir de Ralf Lentz a seng Coequipieren e groussen Challenge ginn an awer bleiwen Ambitiounen zu Stroossen, wéi ëmmer, héich ...
Gréisste Konkurrent vu Stroossen wäert wuel Walfer sinn, woubäi de Gilles Braas och nach de VC Fenteng um Radar huet ...
Mat ëm den ieweschte Play-off dierften och nach Bartreng, Luerenzweiler an Esch streiden. De Leschtgenannten trëtt als Opsteiger den Challenge un, net nëmmen ëm de Klassenerhalt ze spillen, sou den Arnaud Maroldt ...
Fir de CHEV Dikrech, d'lescht Joer ëmmerhin nach Coupe-Finalist, dierft dëst Joer virun allem den Neesopbau vun enger Equipe am Virdergrond stoen, nodeems en etlech Spiller dem Veräin aus dem Norden de Réck gedréint hunn. Zesumme mam VC Belair geet et hinnen drëms, an der héchster Divisioun ze bleiwen.
Sou ewéi Dikrech bäi den Hären huet et de VC Mamer bäi den Dammen erwëscht, virun allem den Depart vum Isabelle Frisch a Richtung Dikrech dierft et de Mamer schwéier maachen, dëst Joer nees ëm den Titel matzespillen. Am Norde si Marthe Lorang a Co natierlech frou iwwert dës Verstäerkung ...
Gréisste Konkurrent fir de CHEV dierft d'Résidence Walfer sinn. No engem Joer Paus ass d'Nathalie Braas zu Walfer rëm dobäi. Wann hatt soss an der Receptioun/Attack gespillt huet, esou freet hatt sech elo d'Roll vun der Passeuse ze iwwerhuelen ...
Ëm den ieweschte Play-off wäerten nach de VC Stengefort, de VC Stroossen, d'Gym Bouneweg an de Volley 80 Péiteng streiden.
Fir den Opsteiger Amber-Lënster geet et drëms, Erfarungen op dësem Niveau ze sammelen an eventuell déi eng oder aner Surprise ze realiséieren.
Lass geet et um Samschdeg an den Iwwerbléck vun alle Matcher fannt Dir wéi gewinnt hei op RTL.LU.