Mat senger Equipe Noliko Maaseik konnt hien e Mëttwoch den Owend den Champions Cup an der Belsch gewannen.

De Lëtzebuerger Volleyballnationalspiller Kamil Rychlicki huet sech mat sengem Klubb Noliko Maaseik am belschen Champions Cup mat 3:2 géint den aktuelle Champion Knack Roselaere duerchgesat. Den Ex-Stroossener huet dobäi eng wesentlech Roll gespillt.

Fir de Lëtzebuerger, deen am Summer bei de Veräin aus der Belsch gewiesselt ass, ass et den éischten Titel als Profi.

E Samschdeg geet an der Belsch d'Championnat um héchsten Niveau lass.