Volleyball
Luerentzweiler verléiert géint Walfer

Um Samschdeg war den 2. Spilldag am nationalen Volleyball Championnat. Bei den Hären huet Luerentzweiler mat 0-3 géint Walfer de Kierze gezunn.
Bei den Dammen verléiert Péiteng mat 0-3 géint Walfer.
Stroossen verléiert mat 1-3 géint Mamer.
Beim Optakt vum Volleyballchampionnat an der héchster belscher Divisioun gewënnt de Kamil Rychlicki mat sengem Veräin Noliko Maaseik mat 3:0 bei Gent Heren. De Lëtzebuerger stoung an de Starting Six an huet mat senger Equipe de Match souverän geréiert, sou datt den Trainer duerchwiessele konnt.
Am meeschte gelies