Dëschtennis-EM
Ni Xia Lian a Sarah de Nutte an der Dubbel-Aachtelsfinall

Op der Europameeschterschaft am Dëschtennis zu Budapest an Ungarn, stinn d'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte am Dubbel an der Aachtelsfinall.
D'Lëtzebuergerinnen hu sech kloer mat 4-0 géint eng portugisesch Koppel duerchgesat.
Am Eenzel steet d'Ni Xia Lian an der Ronn vun de beschten 32. D'Lëtzebuergerin konnt sech mat 4:2 géint d'Ungarin Dora Madarasz duerchsetzen. E Freideg um 15.40 Auer spillt d'Ni Xia Lian géint Klaudia Kusinska.
Fir d'Sarah de Nutte ass d'EM iwwerdeems am Eenzel eriwwer. Si verléiert mat 0:4 géint Sofia Polcanova.
Am meeschte gelies