Beim Optakt an der éischter däitscher Bundesliga huet de VC Wiesbaden mam Annalena Mach 3-1 géint Vilsbiburg gewonnen.

D'Lëtzebuergerin koum am zweete Saz kuerz zum Asaz a konnt dobäi e Blockpunkt markéieren.

Um zweete Spilldag an der héchster Belscher Liga huet de Kamil Rychlicki mat Maaseik 3:0 géint Zoersel gewonnen. D'Lëtzebuerger Ausnahmetalent war nees eng Kéier vun Ufank un dobäi a mat 60 % an der Attack an am Ganze 15 Punkten beschte Spiller vum Owend.

Schonn um Freideg den Owend huet de Chris Zuidberg an der franséischer Ligue A mat sengem Veräin Tours Volleyball 3-0 géint Chaumont gewonnen. De Lëtzebuerger koum dobäi net zum Asaz.