Volleyball
Victoire an Defaite fir Lëtzebuerger Profien am Ausland

An der däitscher Volleyballcoupe gouf et fir d'Annalena Mach an de VC Wiesbaden eng batter Defaite beim USC Münster.
Nodeems e scho mat 2-0 an de Sätz a Féierung loung, konnt Münster nach emol ausgläichen an de Match zu hire Gonschten dréinen. D'Lëtzebuergerin koum an 3 Sätz op den Terrain.
An der belscher Coupe konnt sech Maaseik mam Kamil Rychlicki no engem 0-1 Réckstand awer nach mat 3-1 zu Achel behaapten.
Am meeschte gelies