Mat Holland ass een extrem interessante Géigner dobäi ma et sinn awer och Equippen do déi net aus der Welt sinn fir d'FLVB-Hären.

Well mat Éisträich a Moldawien op d'Mannst mol zwee al Bekannter op d'Lëtzebuerger waarden. An der Europameeschterschafts-Qualifikatioun huet een nämlech géint Éisträich a Moldawien gespillt, sou dass ee béid Equippe mëttlerweil relativ gutt kennt, sou de Gilles Braas.

AUDIO: Volleyball WM-Quali Hären / Reportage Jeff Kettenmeyer

Aus der Vergaangenheet weess de Gilles Braas, Kapitän vun de Lëtzebuerger, datt déi op engem gudden Dag ze klappe sinn.
Alles an allem ass et ee ganz interessante Grupp, mat donieft nach Holland, der Slowakei a Griichenland.

D'Hollänner sinn um Pabeier de grousse Favorit, dat och schonns well si dësen Tournoi virun eegenem Public wäerte spillen. Sou gesäit dat och de Gilles Braas, ëmmerhi stinn d'Hollänner ënnert den Top 10 an Europa. Bis op Lëtzebuerg a Moldawien leien déi aner Equippen an den Top 25.

Iwwert déi lescht Jore sinn d'Erwaardungen un d'Volleyball Häre geklommen. Och an der Equipe wëll een sech net méi mat engem Minimum zefridde ginn. Et ass alles anescht wéi utopesch, datt an dësem Grupp eng Victoire méiglech ass, sou de Gilles Braas. Weider wär ee mëttlerweil och op engem Niveau ukomm, wou een Ziler net méi däerf ze déif usetzen.

Den Tournoi vun dëse 6 Equipe gëtt vum 23. bis den 28. Mee 2017 an Holland gespillt.
De Gruppenéischten ass direkt fir d'WM qualifizéiert an den Zweete muss nach an en drëtte Qualifikatiouns-Tour.