Dëschtennis
Succès fir d'Sarah de Nutte zu Linz bei den Austria Open

© Rolad Miny/Archivbild
Dem Sarah de Nutte, aktuell Nummer 117 op der Weltranglëscht, ass bei den Austria Open zu Linz e gudde Start gelongen.
D'Lëtzebuergerin huet den éischte Match däitlech géint d'Anna Kirichenko mat 4-2 (7, -9, -8, 9, 8, 8) gewonnen.
Fir d'Qualifiaktioun ze packen an sou an déi éischt Ronn ze kommen, brauch d'Sarah de Nutte elo nach eng weider Victoire, dëst am Match géint d'Magdalena Sikorska e Freideg um 13.50 Auer.
Am meeschte gelies