D'FLTT iwwerléisst näischt dem Zoufall

Am September 2017 ass mat der Dëschtennis Equippen Europameeschterschaft ee Risenevent zu Lëtzebuerg geplangt.
Fir esou ee groussen Sportstournoi z'organiséieren muss scho laang Zäit am Viraus villes geplangt ginn, och well virun allem de finanziellen Volet héich ass.
Bei der FLTT, der Lëtzebuerger Dëschtennis Federatioun wëll een op kee Fall eppes dem Zoufall iwwerloossen. Zanter Juli steet fest datt d'Equippen Europameeschterschaft zu Lëtzebuerg ass, direkt duerno huet d'Organisatioun ugefaangen. De Käschtepunkt fir des EM läit bei ronn 1,2 Milliounen Euro.
Fir den FLTT President Änder Hartmann huet et absolut Prioritéit fir des Zomm sou séier wéi méiglech ofzedecken.
Bei der Organisatioun an dem Plangen vun dëser EM ass virun allem de Sportsministère ee wichtege Partner.
10 Méint virum Tournoi ass den Ament a punkto Zäitplang alles am grénge Beräich.
Dëschtennis Europameeschterschaft ass vum 13. bis den 17. September 2017 an der Coque um Kierchbierg an als Organisateur sinn Lëtzebuerger Dammen an Hären um héchsten europäeschen Niveau dobäi.