Volleyball
Walfer bleift och um 5. Spilldag ouni Defaite

Um 5. Spilldag bei den Hären wënnt Belair 3-1 géint Esch, Stroossen klappt Luerenzweiler 3-0 an Walfer setzt sech mat 3-1 géint Dikrech duerch.
Walfer bleift ongeschloen un der Tabellespëtzt, dat mat 3 Punkten Virspronk op Fenteng an Stroossen.
Um 5. Spilldag bei den Damme spillt Walfer 3-0 géint Dikrech, Mamer wënnt 3-2 géint Gym, Stengefort klappt Amber-Lënster mat 3-0 an Stroossen behaapt sech och mat 3-0 géint Péiteng.
An der Tabell huet Walfer weiderhin 1 Punkt Avance op Mamer an 3 Punkten op Dikrech.
Am meeschte gelies