An der éischter däitscher Bundesliga huet sech de VC Wiesbaden mam Annalena Mach kloer 3:0 beim Köpenicker SC duerchgesat.

D’Lëtzebuergerin koum dobäi am zweeten an am drëtte Saz fir 3 Servicer op den Terrain.

A Frankräich konnt sech Tours, dës Kéier nees mam Chris Zuidberg, in extremis mat 3:2 zu Narbonne behaapten. De Lëtzebuerger war zwar nees am Kader, gouf awer net agesat.

Anescht fir de Kamil Rychlicki an der héchster belscher Divisioun, dee beim 3:1 vu Maaseik géint Aalst mat am Ganzen 18 Punkten nees emol beschten Acteur um Terrain war.