Vrun iwwer 4000 Spectateuren huet sech déi belsch Equipe Noliko Maaseik an der Volleyball Champions League mat 3:0 géint Groningen aus Holland duerchgesat.

Dem Lëtzebuerger Nationalspiller Kamil Rychlicki war et vergënnt bei 26-25 am drëtte Saz de Matchball fir seng Equipe ze markéieren. Hie war, wéi am Championnat, nees e vun de Pilieren bei Maaseik a mat 14 Punkte beschte Spiller vum Owend. De Réckmatch ass e Sonndeg um 15.00 Auer zu Maaseik.