E Freideg de Moien huet d'Sarah de Nutte (WR 117) an der éischter Ronn kloer 0-4 géint d'Japanerin Hitomi Sato (WR 23)verluer.

E Freideg den Owend war dunn och Schluss am Dubbel. Mat hirer amerikanescher Partnerin Jiaqi Zheng gouf et eng 0-3 Defaite géint déi schwedesch/ungaresch Koppel Matilda Ekholm an Georgina Pota.