Nei an och bekannte Gesiichter sinn dëst Joer an der Coque mat dobäi.

Wéi d'Lëtzebuerger Volleyballfederatioun bekannt ginn huet, ass den Tableau fir de Natiounentournoi scho komplett. Mat Lichtenstein an Norwegen bei den Dammen ewéi Island an der U21 aus Däitschland bei den Häre sinn och scho bekannt Natiounen dobäi. Eng éischte Kéier dobäi ass Albanien bei den Dammen an den Aserbaidschan bei den Hären.

Den Tournoi ass dës d'Kéier während 4 Deg vum 29. Dezember bis 1. Januar wéi ëmmer am Gymnase vun der Coque.

Lichtenstein bei den Dammen an Island bei den Häre si bekannten Equippen aus der Small Countries Division a sinn déi Géigner, déi fir d‘Heemequippen am Einfachsten ze spille sinn.

Am Dammentournoi dierften Albanien a Norwegen éischt Gradmiesser sinn. Albanien huet 2016 un der European League participéiert a konnt do 2 Victoire verbuchen. Norwegen huet sech, wéi Lëtzebuerg, missen an der éischter Ronn vun der EM-Qualifikatioun geschloe ginn, woubäi d'Skandinavier awer zwee Mol géint Litaue gewonnen haten.

De Favorit bäi den Hären ass sécherlech d‘U21 aus Däitschland. Bäi der U20 Europameeschterschaft am September hunn déi Däitsch op der 6. Plaz ofgeschloss a wëllen den Tournoi notzen als Virbereedung op d‘U21 WM-Qualifikatioun eng Woch duerno. D’Equipe aus dem Aserbaidschan dierf ongeféier um selwechte Niveau sinn, wéi d'Schwäiz, wou déi rout  Léiwen an den zwee leschte Joren all Kéiers d'Iwwerhand behalen hunn.

All Informatiounen zum Tournoi souwéi de Link zum Virverkaf fënnt en op www.novotelcup.lu