An der héchster belscher Divisioun huet sech Noliko Maaseik, Veräin vum Topscorer Kamil Rychlicki, kloer mat 3-0 géint Waremme behaapt.

Nodeems de Lëtzebuerger ënnert der Woch an der 1/4-Finall vun der belscher Coupe nach mat 14 Punkte beschte Spiller war, konnt den 20 Joer jonke Profi am Virfeld vun der Champions League nächst Woch geschount ginn.