RSR Walfer war en Donneschdeg an der Sporthal zu Walfer géint Chaumont ugetrueden.

Walfer huet mat 23-25, 14-25 a 15-25 géint Chaumont, den aktuellen Tabelleleader aus Frankräich, verluer.

Am éischte Saz konnte Ben Angelsberg a Co nach gutt mathalen an hu knapps mat 23:25 de Kierzere gezunn. Duerno konnten d'Profien awer hiren athletesche Virdeel voll ausnotzen.

D'Lëtzebuerger hunn déi éischte Kéier an hirer Veräinsgeschicht an der Coupe d'Europe gespillt.

De Retour ass den 21. Dezember am Frankräich.