Volleyball international
Positiv Resultater vum Annalena Mach a Kamil Rychlicki

© Pressphoto Archivbild
Am internationale Volleyball gouf et jeeweils eng Victoire fir den VC Wiesbaden a fir Noliko Maaseik.
Fir d'Annalena Mach a Wiesbaden war et eng 3-1 Victoire baim VFB Suhl. Maaseik mam Kamil Rychlicki konnt, no der 1:3 Defaite géint Dynamo Moskau an der Champions League, am belsche Championnat nees optrompen. Beim kloren 3:0 géint Leuven huet de Lëtzebuerger 8 Punkte bäigesteiert.
Am meeschte gelies